Geint d'ofschaafen vun der allocation d'éducation/ de maternité


Visiteur

/ #127

2014-10-17 07:54

Ech sin net den Auteur !!

16. Oktober 22:20.

 

Gudden owend 
Ech si Léierin am fondamentale an ech ennerrichten dest joer enner anerem Moral am 6.schouljoer (4.2^^) an bei eis war haut de moien opemol d Diskussioun maison relais lassgetreppelt, mat 11-12 kritt ee jo do schonn e besser eppes vun der aktualitéit mat.
Vun den 11 Schüler di an der klass sinn, waren der 11 schonn an der maison relais, di eng ab und zu di aner regelméisseg. 
Alleguer gi se net gär, alleguer bekloe se sech iwwer de ständege lautpegel, di gereng privatsphär, di wéineg opmierksamkeet an helef bei den hausaufgaben an an an. Et ass esouwait gaangen dass d kanner sech richteg an en Eifer randiskutéiert hunn an du hues richteg gemierkt wi wichteg hinnen dat war, an et kann ee si jo bal zu der 1.generatioun zielen di vun der spillschoul un d maison relais kennen, ma dat ass hiere Feedback! 
Ech froe mech ob et fir iech als grënner vun desem grupp evtl eng iddi wier op de wee ze goen, t kanner zu wuert kommen ze loossen, sief et an engem projet oder duerch biller Molen oder eng Geschicht schreiwen oder béides, fir villaicht emol de point de vue geld, ausse vir ze loossen, well dat gett eis jo virgeworf wa ma eis gint d spuermoosnahme wieren!
Ech wier opallefall bereet mat Klassen eppes ze maache, wann de besoin do wier!
LG